Radioen

On air

Notturno  |  Fox - Mother's Arms

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verschidde Länner erkenne Palästina elo als eegene Staat un

Impuls fir d'Zweestaateléisung?

Verschidde Länner erkenne Palästina elo als eegene Staat un

Norwegen, Spuenien an Irland erkenne Palästina haut offiziell als Stat un. Si wëllen der Zweestaateléisung am Noen Osten domat neie Schwong ginn, well dat den eenzege Wee zum Fridde wier. D’israeelesch Regierung hat indignéiert op dës Annonce reagéiert an d’Ambassadeure vun deenen 3 Länner an den Ausseministère bestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Palästinensesche Fändel | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Domat net genuch: Israel huet Spuenien de Moie beschëllegt, Kompliz vun Opriff zum Vëlkermord u Judden ze sinn. Kuerz virdrun hat de spuenesche Premier Pedro Sánchez zu Madrid erkläert, d’Unerkenne vun engem Palästinenserstaat wier eng Noutwendegkeet, fir zu Fridden ze kommen.

Um Hallefnuecht war d’Unerkennung vu Palästina duerch Norwegen offiziell a Kraaft getrueden. De Palästinenserstaat gëllt domat fir Oslo als eegestännege Staat. Virgëschter hat den norwegeschen Ausseminister dem palestinensesche Premier Mohammad Mustafa zu Bréissel dat entspriechend Dokument iwwerreecht. Am spéide Moien huet den Espen Barth Eide du vun engem “markanten Dag” geschwat.

Impuls fir d'Zweestaateléisung?

Viru 6 Deeg haten Norwegen, Spuenien an Irland dee Schrëtt ugekënnegt, deen an hiren Aen en Impuls fir d’Zeestaatelésiung duerstellt, duerch déi Israeelien a Palästinenser an Zukunft friddlech nieftenee liewe sollen. Et kéint ee keng zwee-Staaten-Léisung hunn, wann een net d’Existenz vu béide Staaten unerkennt, huet den iresche Premier Simon Harris gemengt. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat dee Schrëtt dogéint kritiséiert, well en eng Belounung fir Terrorismus wier.

Aner EU-Memberlänner sinn de Moment nach géint sou en Unerkenne vu Palästina als Staat, genee wéi d’USA a Groussbritannien.

Lauschterenplay_arrow