Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een Doudegen a véier Vermësstener no Schëffsongléck an der Nordséi

Nordséi

Een Doudegen a véier Vermësstener no Schëffsongléck an der Nordséi

Bei der Kollisioun vun zwee Transport-Schëffer an der Nordsee ass op d‘mannst ee Matrous ëm d‘Liewe komm, zwee Membere vum Equipage konnte gerett ginn, mee véier géifen der nach vermësst ginn. Eng Sich am Mier ass am gaangen, esou eng däitsch Rettungsgesellschaft.

auto_stories

1 min

Déi zwee Cargoschëffer waren de Moie fréi tëscht zwou Inselen Helgoland a Langeoog aus nach net gekläerter Ursaach aneneegerannt.

Eent vun de Schëffer, de Frachter Verity, ass ënnergaangen. Eng méiglech Ëmweltverschmotzung gëtt gefaart, well an deem Schëff ënner anerem 1.300 Kubikmeter Diesel gewiescht wieren, sou d‘Autoritéiten.