Och nodeems TotalEnergies een Deel vun den Aktivitéiten hei am Land verkaaft huet, wäerten d’Tankstelle virop ënnert dësem Markennumm funktionéieren, erkläert d'Sofie Maene vu Circle K Lëtzebuerg.
"Les 44 stations et le personnel de bureau au Luxembourg sont désormais détenus par une entreprise commune dans laquelle Circle K a le contrôle de 60 %, ce qui est le joint-venture. Tout le personnel qui sert nos clients continuera d’opérer. Mais les shops seront progressivement rebaptisés Circle K. Ensuite, le carburant et les stations-service resteront TotalEnergies pendant au moins cinq ans."
TotalEnergies wäert fir déi nächst fënnef Joer also och nach de Sprit liwweren.
An Däitschland an an Holland huet TotalEnergies säin Tankstellennetz ganz un déi kanadesch Entreprise Couche-Tard verkaaft. Hannergrond ass d’Decisioun, datt vun 2035 un an der EU keng Autoe mat Verbrennungsmotor méi zougelooss ginn.
Éischter Méiglechkeete wéi Bedroungen
An der Belsch an hei am Land schaffen TotalEnergies a Couche-Tard/Circle K an enger Gemeinschaftsentreprise zesummen. D’Energietransitioun geséich ee positiv, ënnersträicht d’Sofie Maene vu Circle K.
"Donc plus d’opportunités que de menaces. Et les stations seront désormais détenues par un spécialiste mondial de la vente au détail, dont toutes les ressources se concentrent sur ce changement."
Déi kanadesch Entreprise Couche-Tard huet fir d’Aktivitéite vun TotalEnergies an Däitschland an an de Benelux-Staaten 3,4 Milliarden Euro bezuelt. Dëse Kaf war de leschte Mäerz ugekënnegt ginn, an am November vun der EU-Kommissioun accordéiert ginn.