Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhütungsmëttel am Wäert vu 4,3 Milliounen Euro goufe well rembourséiert

Tëschent Abrëll an Dezember 2023

Verhütungsmëttel am Wäert vu 4,3 Milliounen Euro goufe well rembourséiert

Tëschent dem 1. Abrëll an dem 31. Dezember 2023 krute ronn 48.300 Persounen hir Verhütungsmëttel vun der CNS rembourséiert. De Käschtepunkt dofir louch bei 4,3 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

Foto: Thought Catalog

Dës Donnéeë ginn aus enger Äntwert vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.

Zanter dem 1. Abrëll 2023 sinn déi gängeg Verhütungsmëttel hei zu Lëtzebuerg fir jidderee gratis, ouni Altersgrenz. Just Kondomer gi weiderhin net rembourséiert. D’Gesondheetsministesch präziséiert an hirer Äntwert, datt dës Zuelen als provisoresch ze consideréiere sinn, well d’CNS nach net all d’Rechnunge vun 2023 kritt hätt.