Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verdacht op Verstouss géint Konkurrenzrecht am Apdiktesecteur

Konkurrenz-Autoritéit

Verdacht op Verstouss géint Konkurrenzrecht am Apdiktesecteur

Am Secteur vun den Apdikten a Para-Apdikte gëtt et e Verdacht vu Verstouss géint d‘Konkurrenzrecht, sou d'Lëtzebuerger Konkurrenz-Autoritéit an engem Schreiwes. Si huet net-ugemellte Kontrolle bei Betriber gemaach, déi verdächtegt ginn.

auto_stories

1 min

Apdikt | © Bigstock / Diego Cervo

Dat wier eng éischt Etapp, ier eventuell Prozedure lancéiert ginn, heescht et. D‘Konkurrenz-Autoritéit gëtt kéng Detailer iwwert d‘Identitéit vun de Betriber, déi verdächtegt ginn, an och net, mat wéi enge Praktiken si eventuell géint d‘Konkurrenzrecht verstouss hätten.

D‘Konkurrenz-Autoritéit präziséiert, si hätt op Demande vum Conseiller e Communiqué publizéiert, fir aner Betriber, déi nach net kontrolléiert goufen, ze informéieren, a fir si drop hinzeweisen, dass si vun engem sougenannte "Clémence-Programm" kënne profitéieren. Dat heescht, datt Betriber, déi kooperéieren an anerer denoncéieren, manner héich Strofen oder eng komplett Immunitéit kënne kréien.