Radioen

On air

De Weekend  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
search

/ Venezuelanesche President annoncéiert Militärmanöver

Sträit em Essequibo

Venezuelanesche President annoncéiert Militärmanöver

Tëschent Groussbritannien a Venezuela hunn d‘Spannungen sech verschäerft. De venezuelanesche President Nicolas Maduro huet elo e Militärmanöver annoncéiert, mat 5.600 Zaldoten. Dat wier eng defensiv Übung, esou de Maduro. 

auto_stories

1 min

Et ass awer d‘Äntwert op e brittescht Krichsschëff, dat déi lescht Deeg virun d‘Küst vum Nopeschland Guyana geschéckt gouf. 

Hannergrond ass e Sträit ëm d‘Regioun Essequibo am Weste vum Guyana. Venezuela revendiquéiert déi Regioun, an där vill Buedemschätz sinn. An der Lescht ass d‘Angscht gewuess, datt Venezuela an déi Regioun kéint amarschéieren. Groussbritannien huet d‘Krichschef dohinner geschéckt als Ënnerstëtzung fir  Guyana, wat zum brittesche Commonwealth gehéiert.