arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vëlosummer geet an déi 7. Editioun mat 500 Kilometer Vëlosweeër

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Vëlosummer geet an déi 7. Editioun mat 500 Kilometer Vëlosweeër

De Vëlosummer ass an déi 7. Editioun gestart. Bis de 16. August kënnen Awunner:innen an Touristen op 14 Strecke mat iwwer 500 Kilometer d'Land mam Vëlo entdecken.

reading time

1 min

Lancement vum Vëlosummer 2026 op der Giewelsmillen | © ©Anouk Flesch
Lancement vum Vëlosummer 2026 op der Giewelsmillen (Foto: ©Anouk Flesch)

Den delegéierten Tourismusminister Eric Thill huet de Vëlosummer de Samschdeg op der Giewelsmillen offiziell lancéiert. D'Aktioun leeft vum 18. Juli bis de 16. August.

14 Strecke mat iwwer 500 Kilometer

Déi offiziell Ouverture huet mam “Uewersauer-Tour” ugefaangen

Dës Editioun bitt 14 Strecke mat insgesamt iwwer 500 Kilometer Vëlosweeër. D'Aktioun riicht sech un Awunner:innen an Touristen a soll d’Mobilité douce an en nohaltegen Tourismus fërderen.

Op de meeschte Strecke gëtt et och d'Méiglechkeet, e Vëlo ze lounen.

"Vëlosummer Challenge" ass zeréck

Nodeems d'"Vëlosummer Challenge" 2025 e grousse Succès war, kënnt si och dëst Joer zeréck. D'Participante kënnen iwwer d'VisitLuxembourg-App op de 14 Strecke Check-ins maachen a Quizfroe beäntweren.

Wie sämtlech Challenge meeschtert, kann de gielen Trikot vun der Editioun 2026 gewannen.