An engem gemeinsame Schreiwes erkläre béid Säiten, datt si no intensiven Diskussiounen zur Conclusioun komm wieren, d'Conciliatioun weiderzeféieren.
Sozialen Dialog soll nees ufänken
Parallel dozou sollen déi politesch Responsabel, d'Direktioun, d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschaften den direkte sozialen Dialog nees ophuelen. Eng éischt Reunioun ass fir Enn September virgesinn.
D'Regierungsvertriedung huet sech bereet erkläert, d'Fuerderunge vun de Gewerkschaften op hir juristesch Zoulässegkeet ze iwwerpréiwen an déi betraffe Säiten dobäi ze beroden.
Et wier de Wëlle vun alle Säite fir de sozialen Dialog weiderzeféieren an eng Léisung ze fannen.