arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis den 23. August fuere keng Zich tëschent Diddenuewen an der Stad

CFL

|
reading time

1 min

Bis den 23. August fuere keng Zich tëschent Diddenuewen an der Stad

Vun haut u fuere keng Zich tëschent Diddenuewen an der Stad – an dat nach bis den 23. August. De Grond dofir sinn Aarbechten op der zousätzlecher neier Streck tëschent Beetebuerg a Lëtzebuerg.

reading time

1 min

© Alexandre Prevot / Adobe Stock
(Foto: Alexandre Prevot / Adobe Stock)

Dës soll am September 2027 opgoen. Et wier ee mat dësem Deel an der leschter grousser Bauphas, wéi dAlessandra Nonnweiler vun der CFL erkläert.

“Dëse Summer konzentréiert sech aktuell wierklech ronderëm Beetebuerg, wou nach eng Kéier Gleiser geluecht ginn, an och Signaltechnik, Versuergungsanlagen an och d'Uschlëss un dat bestoend Netz scho preparéiert ginn, en vue alles fir d'nächst Joer September 2027, wou mir - kann ech elo och scho verroden - nach eng Kéier och zou wäerten hunn, d'nächst Joer d'Summervakanz, fir do déi lescht Saachen ze maachen.”

Wärend de Bauaarbechte ginn déi betraffen Zuchlinnen duerch Bussen ersat.

Passagéier musse mat enger verlängerter Reeszäit rechnen.