Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véier Oppositiounsparteie géint d'Heescheverbuet

Stad Lëtzebuerg

Véier Oppositiounsparteie géint d'Heescheverbuet

Et war eng Première, déi sech awer an Zukunft ka widderhuelen: Direkt véier Oppositiounsparteien hu sech um Mëttwochmoien zesummegesat fir d’Regierung ze kritiséieren. Eemol méi goung et ëm d’Heescheverbuet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow


LSAP, Piratepartei, déi Lénk an déi gréng hunn eng gemeinsam Linn an dëser Fro. Als eenzeg Oppositiounspartei dréit d‘ADR déi awer net mat. De Marc Baum vun déi Lénk huet dëse Constat gemaach:

"Dat ass jo zimmlech aussergewéinlech, wat hei geschitt. 100 Deeg Welpeschutz fir eng Regierung sinn nach net eriwwer a véier Oppositiounsparteie setze sech zesummen a lauden d'Alarmklacken um allerhéchsten Niveau."

Net esou dat inhaltlecht hätt dobäi eng Roll gespillt. Do ass souwisou de Constat, datt d’Regierung an d’Stad Lëtzebuerg mam Reglement juristesch net ofgeséchert sinn. Et ass vill méi den Toun, deen der Oppositioun Suerge mécht, an deen d’Dier géing opmaache fir extremistescht Gedankegutt.

Sam Tanson léist Kritik un der Justiz net gëllen

Urteeler vu Geriichter an domadder d’Justiz géifen einfach ignoréiert ginn. Domadder wieren d’Fundamenter vun enger demokratescher Gesellschaft a Gefor, sou d’Sam Tanson vun déi gréng.

"Mee virun allem huet mech schockéiert, déi Ausso vun enger Politikerin, vun enger demokratescher Partei, datt d'Institutiounen, an dorënner d'Justiz, responsabel wieren, wa rietsextrem Tendenzen zu Lëtzebuerg géingen opkommen. Mir fërdere rietsextrem Tendenzen andeem mir déi Ängschten, déi vu rietsextreme Parteien an den Discours gezerrt ginn, weider ufeieren an domadder och den Discours vu rietsextreme Parteien normaliséieren."

Déi véier Parteie gesi just zwou Méiglechkeete fir aus der Sakgaass nees eraus ze kommen, an déi ee sech eramanövréiert hätt: Entweder, d'Reglement zeréckzéien, oder awer de Gesetzestext upassen, fir datt juristesch Kloerheet besteet.

Reaktioun vum Premier gëtt gefuerdert

D’Taina Bofferding vun der LSAP vermësst allerdéngs och kloer Wieder vum Regierungschef.

"Mir verlaangen, datt mëttlerweil mat all deem, wat um Dësch läit, mat all deem wat gewosst ass, datt de Premier endlech Stellung hëlt a Faarf bekennt."

Fir méi Kloerheet ze kréien, krut an Tëschenzäit de Cellule scientifique vun der Chamber den Optrag, nozepréiwen, ob d'Reglement mat der Verfassung iwwerenee stëmmt, an ob et eng base juridique huet. 


Lauschterenplay_arrow