Radioen

On air

Notturno  |  Homer - Now That It's Over Feat. Hether

play_arrow Live
search

/ Urteeler géint véier Ugekloter wäerten haut bekannt ginn

Attentat op de Stroossbuerger Chrëschtmaart

Urteeler géint véier Ugekloter wäerten haut bekannt ginn

Am Prozess iwwer d‘Attentat op e Chrëschtmaart zu Stroossbuerg am Dezember 2018 soll d‘Cour d‘Assises zu Paräis haut d‘Urteeler géint véier Ugekloter bekannt ginn. Si kréie virgehäit, dem Täter gehollef ze hunn, sech Waffen ze beschafen.

auto_stories

1 min

La Cour d'Assises de Paris | © La Cour d'Assises de Paris
La Cour d'Assises de Paris (Foto: La Cour d'Assises de Paris)

Fënnef Leit ware beim Attentat ëm d‘Liewe komm an eelef Leit ware blesséiert ginn. Den Täter, de Chérif Chekatt, war vun der Police erschoss ginn.