Den Ugeklote Grégory Lenoci, huet säin Noper verdächtegt, sech sexuell u sengem Stéifjong, deen deemools 6 Joer hat, vergraff ze hunn. Wéi e rausfonnt hat, datt den Noper e virbestroofte Pedokriminelle war, huet en en heem bei sech invitéiert, an en zerschlo.
Zënterhier ass de Mann an engem semi-vegetativen Zoustand. De Grégory Lenoci huet dat Ganzt gefilmt an op déi sozial Reseaue gesat.
Protester virum Geriicht
Virum Geriicht zu Namur haten sech Leit versammelt, déi den Ugekloten ënnerstëtzt hunn. Si hu Spréch wéi "Justice pédoland" oder "Tout pour les pédophiles, justice pour les pédophiles, honteux!"