Radioen

On air

Concert  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ Ungaresch ONGen: Repressioun gouf weider institutionaliséiert

NO 14 JOER ORBAN-REGIME

Ungaresch ONGen: Repressioun gouf weider institutionaliséiert

Um Bord vum EU-Sommet rifft den ungaresche Premier Viktor Orban dozou op, europäesch Geriichtsurteeler ze iwwergoen, well se "ondemokratesch"” sinn. D’Organisatiounen awer, déi sech an Ungarn fir d’Demokratie an d’Mënscherechter asetzen, zielen op genee op déi Urteeler a gesinn doran dacks hier lescht Chance. 

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
D'Márta Pardavi an d'Luca Dudits (Foto: Danièle Weber)

Hien ass ee Supporter vum Donald Trump, een, deen eng gewëss Proximitéit zum Wladimir Putin huet an een, deen sech permanent mat der Europäescher Unioun uleet: Den ungaresche Premier Viktor Orban huet déi lescht Woch Staats- a Regierungscheffen aus bal 50 Länner fir zwee europäesch Sommeten empfaangen.

Orban: Geriichtlechen Aktivismus dierf national Politik net stoppen

Hien huet do keen Heel aus senger Virstellung vun engem Europa gemaach, an deem déi national Regierungen d’Soen hunn. Weder d’Europäesch Kommissioun nach Urteeler vun Europäesche Geriichtshäff dierften si dovun ofhalen, hir Politik ze maachen, sou de Viktor Orban. .

"Dat akzeptéieren d’Wieler net, si hunn eis gewielt, fir datt mir hinnen déngen. A wann ee geriichtlechen Aktivismus eis stoppt, dann ass dat ondemokratesch. Sou gesinn ech dat."

A sengem autoritäre Regime sëtzt de Viktor Orban drop, duerch entspriechend Gesetzer déi ze intimidéieren, déi sech queesch stellen.

Orban-Regime setzt op Aschüchterungs-Effekt

Dee Regime huet sech an de leschte Jore weider institutionaliséiert, seet d’Márta Pardavi.

Viru fënnef Joer hat d’Co-Presidentin vum Helsinki Committee zu Budapest d’Ambiance an Ungarn als eng vun der "Angscht" beschriwwen. Zënterhier huet d’Regierung hir Geschierkëscht fir Leit, déi ëffentlech eppes géint hir Politik soen, erweidert, sou d’Márta Pardavi. D’Aschüchterungspolitik gouf professionaliséiert. 

Den Helsinki Committee representéiert ënner anerem ee Grupp vu Léierpersonal, dat seng Aarbecht verluer huet, well se Changementer am Educatiounssystem kritiséiert hunn oder Riichter:innen, déi ëffentlech Stellung doriwwer bezunn hunn, datt d’Onofhängegkeet vun der Justiz a Gefor ass.

"Géint si ginn Hetzcampagnen a ganz seriö Attacken an de Propaganda Medie lancéiert. Dat geschitt op de Soziale Medien, d’éischt op klénge Bloggen, dacks duerch coordonéiert Trollen, a gëtt dann an de grousse, Pro-Regierungs-Medien opgegraff, sou datt et dono Deel vum Mainstream-Narrativ gëtt. Wéi ee Schnéiball, deen eng Lawinen ausléist. Déi Betraffe kënnen dee Message dann net méi ignoréieren."

Dat huet een Ofschreckungs-Effekt, sou d’Márta Pardavi. "An esou enger Atmosphär denken déi, déi op hirer Aarbecht keen hunn, deen hannert hinne steet, zwee Mol driwwer no, ob si sech iwwerhaapt nach ëffentlech äusseren."

LGBTQIA+: Zuel vun Affer vun Diskriminatioun an Haass-Crime huet zougeholl

Am Viséier vun deene Campagnë stinn och all déi, déi een anere Familljemodell liewen, wéi deen, deen d’Regierung als traditionell ungaresch duerstellt.

Virop d'LGBTQIA+-Communautéit. D’Rechter vu Schwulen, Lesben oder Trans-Persoune goufen an de leschte Jore systematesch ageschränkt. 

D’Zuel vun deenen, déi Affer vun Diskriminatiounen oder Haass-Dote ginn, gëtt ëmmer méi grouss. Nei Gesetzer, déi d'LGBTQIA+-Communautéit viséieren, hunn d’Situatioun méi schlëmm gemaach, seet d’Luca Dudits vun der “Hatter Society”. 

"Bal all Dag mellt sech een neie Client, et ginn der ëmmer méi virun allem nodeems déi nei Gesetzer gestëmmt goufen."

Déi Gesetzer hunn d’Angscht an d’Veronsécherung méi grouss gemaach. Zum Beispill beim Léierpersonal.

"Si froen eis ob si dierfen iwwert sexuell Orientatioun schwätzen. Si fäerten, dat si bestrooft ginn. Dat geet esou wäit, datt Schüler:innen, déi Hëllef sichen, well si wéinst hirer Orientatioun gemobbt ginn, aleng gelooss ginn."

Leit, déi wéinst physeschen Attacke viru Geriicht stinn, fille sech am Recht, sou d’Luca Dudits. Wéi dee Mann, deen eng lesbesch Koppel am Tram mam Messer attackéiert hat.

"Am Geriichtsprozess sot hien, de Viktor Orban denkt dach dat nämmlecht. Hien huet guer net verstan ëm wat et geet. Et gouf och Leit, déi homosexuelle Koppele gesot hunn, si dierften dobaussen net Hand an Hand goen, well dat elo per Gesetz verbueden ass. Wat awer net wouer ass."

Riichter:innen op ieweschte Geriichter manner couragéis

Hiren Analysen no géifen d'Anhale vu Gesetzer an Ungarn awer ëmmer manner vum ieweschte Geriicht beschützt, sou d’Márta Pardavi.

"D'Riichter vum ieweschte Geriichter si manner couragéis, wann et drëm geet, d’Gesetz ze applizéieren". Déi Richtung géif vu ganz uewen an der ungarescher Justiz kloer esou diktéiert, sou d’Vertriederin vum Helsinki-Comité. 

"Dee Mann, deen den Ament un der Spëtzt vum ungaresche Justizsystem steet, ass iwwerzeegt dovun, datt d’Roll vun der Justiz dora besteet, dem politesche Wëlle vun der Regierung ee legale Kader ze ginn. Hien handelt no der Iwwerzeegung, datt an enger Demokratie, an där d’Regierung mat grousser Majoritéit regéiert, d’Riichter d’Politik net gestalte sollten. Hien ass kloer géint geriichtlechen Aktivismus.”

Nächst Woch: Prozess géint ungaresch Propaganda-Gesetz zu Lëtzebuerg

An deem Ëmfeld setzen d’ONGen dowéinst op den europäeschen Niveau.

E wichtege Rendez-Vous ass déi nächst Woch zu Lëtzebuerg - wou den Europäesche Geriichtshaff sech an engem éischten Hearing mam sougenannte Propaganda- Gesetz befaasst. Ee Gesetz wat LGBTQIA+ Referenzen am Sexualunterrecht verbitt an zum Beispill de Verkaf vu Bicher mat engem Inhalt, deen sech op déi Communautéit bezitt, méi schwéier mécht. 

16 Länner dorënner Lëtzebuerg, genee ewéi d’Europäescht Parlament an d’Europäesch Kommissioun hunn sech der Klo ugeschloss.

"Mir hoffen op eng positiv Decisioun vum Geriicht, datt dat Gesetz diskriminatoresch ass muss zréckgezu ginn", sou d’Luca Dudits vun "Hatter". Dat wier zwar keng Garantie dofir, datt déi ungaresch Regierung sech dorun hält. Dowéinst misst een op béide Fronte weider kämpfen: Déi legal Schinn mat Plaintë virun den Europäesche Geriichter an déi, Léierpersonal, Leit am Gesondheetssecteur oder interesséiert Elteren a Jonker opzeklären an ze beroden.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.