Wéi d‘Police um Mëttwochmoie mellt, hätt de Mann vun 51 Joer net iwwerlieft. Hie war nom Accident gëschter an eng Klinik bruecht ginn an ass am Laf vun der Nuecht gestuerwen, esou d‘Police.
Weider Ëmstänn vum Accident si net bekannt. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf vum Parquet mat enger Enquête beoptraagt. D‘Strooss war gëschter Owend bis 23:30 Auer gespaart ginn.