Vizepresidentinne sinn d’Ministerin Yuriko Backes, d’Deputéiert Corinne Cahen an d’Amela Skenderovic. Fir all déi Poste gouf et just eng eenzeg Kandidatur.
Den DP-Kongress steet ënnert dem Motto: “Wëll et ëm muer geet”. An hirer Ried huet d’Carole Hartmann sech fir den Erhalt vun der Demokratie engagéiert, eng Demokratie, déi haut a Gefor wier.
Fir si ginn et eng Rei Prioritéiten. Un éischter Plaz steet de gesellschaftlechen Zesummenhalt. Si huet fir de Sozialmodell plädéiert an och fir de Sozialdialog.
"Och elo ginn et grouss Defien. Mir mussen iwwer d'Kollektivverträg vun de Gewerkschafte schwätzen, iwwer d'Aarbechtszäiten, iwwer d'Sonndesaarbecht. Well d'Situatioun tëschent de Sozialpartner ugespaant ass, huet de Premierminister e "Sozialdësch" aberuff, fir dem Dialog eng Chance ze ginn an d'Leit nees un den Dësch ze kréien. Dëse Sozialdialog, deen ass elo immens wichteg."