Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesche Geheimdéngscht déckt Bedruchsaffär op

Ukrain

Ukrainesche Geheimdéngscht déckt Bedruchsaffär op

An der Ukrain huet de Geheimdéngscht eng massiv Bedruchsaffär opgedeckt. Fréier an aktuell héichrangeg Beamten aus dem ukrainesche Verdeedegungsministère souwéi Mataarbechter vun enger auslännescher Rëschtungsfirma wieren dra verwéckelt, huet de Service de Renseignement matgedeelt. 

auto_stories

1 min

Et geet ëm de Kaf vu Mörsergranaten am Wäert vun ëmgerechent ronn 36 Milliounen Euro. Déi Sue wieren deemno am August virun 2 Joer un e Waffelivreur am westukrainesche Lwiw iwwerwise ginn. Deen hätt duerno en Deel vun der Zomm un déi auslännesch Firma weidergeleet, déi angeblech Munitioun hätt sollte liwweren. 

Keng eeneg Granat wier awer jee an der Ukrain ukomm, sou de Geheimdéngscht. Amplaz hätt den auslännesche Betrib probéiert, d‘Gelder op engem Konto am Balkan ze verstoppen. 

D‘Sue wieren an Tëscht beschlagnaamt ginn, sou d‘Enquêteuren. Géint fënnef Verdächteger gëtt elo enquêtéiert. Ee Mann wier festgeholl ginn, wéi e probéiert hätt an d‘Ausland ze flüchten.