Hien hätt positiv Signaler vun der EU-Kommissiounscheffin héieren, sou de President Wolodymyr Selenskyj a sengem Videomessage gëschter Owend. D‘Ursula von der Leyen hat der Ukrain do virdrun Erfolleger bei hiren Efforte fir Reformen duerch ze setze bescheinegt.
D‘Land hätt vill Etappenziler um Wee fir an d‘Europäesch Unioun erreecht, beispillsweis d‘Reform vum Justizsystem oder d‘Bekämpfung vu Blanchiment. E Mëttwoch soll d‘Ursula von der Leyen hire Rapport zu Bréissel virstellen. Op Basis dovu wäerten d‘EU-Staats-a Regierungscheffen am Dezember decidéieren, op Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain wäerten opgeholl ginn oder net.