Radioen

On air

Notturno  |  Tigran Hamasyan - The Poet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg si besuergt ëm d‘Zukunft vun der Ukrain

Lukraine

Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg si besuergt ëm d‘Zukunft vun der Ukrain

Déi ukrainesch Communautéit hei am Land gesäit eng weider Presidence vum Donald Trump skeptesch. D‘USA stelle vill Hëllef fir d‘Ukrain duer, virun allem wat Waffen ugeet. Mam Donald Trump als designéierte President ass awer elo onkloer, wéi et wäert mat den amerikaneschen Hëllefe fir d’Ukrain weidergoen.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Protest Uganks dës Joers (Foto: Archiv)

Geschriwwe vum Pebia Urban

"Be brave as Ukraine", also "Hutt Courage esou wéi d’Ukrain". Dat hu virun enger Woch d’Manifestante virun der Chamber um dausendsten Dag vum ukrainesche Krich geruff. D’Fuerderung ass: Méi Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, och vu Lëtzebuerg. Mam Donald Trump senger Presidence kéint nämlech vill Ënnerstëtzung verluergoen, wann hie seng Menace, déi amerikanesch Hëllef zeréckzefuere sollt ëmsetzen.

"Zwou Realitéiten"

Membere vun der ukrainescher Communautéit, mat deene mir konnte schwätzen, weise sech veronséchert. Esou zum Beispill d’Tatiana, där hir Famill zum Deel op Lëtzebuerg koum, fir sech virum Krich ze schützen. Si mécht sech Suergen ëm d‘Zukunft vun der Ukrain.

"Oui, j'ai peur. On voit bien que les aides tardent à venir. Il y a deux réalités. Il y a celle qu'on entend aux informations et il y a la réalité des soldats qui sont sur le terrain."

Wärend senger Walcampagne huet den Donald Trump behaapt, datt hien de Krich an der Ukrain bannent 24 Stonne kéint zu Enn bréngen. Dat gleeft dës ukrainesch Manifestantin awer net.

"C’est quelqu’un qui fait des slogans, qui valent rien du tout. Terminer la guerre en 24 heures, c’est facile de dire. Mais comment?"

EU brauch méi staark Positioun am Dialog mat USA

Den Nicolas Zharov, de President vu LUkraine, d’Associatioun fir déi ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg, weist sech zouversiichtlech, datt e Konsens ka fonnt ginn. Hie betount awer, wéi wichteg et grad elo wier, datt d’EU eng méi staark Positioun anhëlt wat den Dialog mat den USA ugeet.

"Je pense qu'il y a des consensus qui seront trouvés, l'Europe doit avoir une position très forte et que, Monsieur Trump doit trouver donc, on va dire, la solution à un problème très complexe."

"Konflikter afréieren ass keng Léisung"

Bis elo huet d’USA der Ukrain Hëllef am Wäert vun 175 Milliarden Dollar zur Verfügung gestallt. Mat engem Réckzuch vun der amerikanescher Hëllef géif och vill militäresch Ënnerstëtzung feelen. D’USA hunn aktuell ronn 69 Milliarden Dollar an déi militäresch Hëllef investéiert.

Dëst zum Beispill a Form vu Waffeliwwerungen. Dem Donald Trump säi Versprieche vun engem Waffestëllstand géif net duergoen, esou nach den Nicolas Zharov vu LUkraine.

"Je pense qu’il y a tout le Monde qui veut qu’il y a la paix qui domine. Malheureusement, geler les conflits, ce n’est pas la solution. C’est juste le retardement des problèmes."

"Kann een net méi op USA zielen"

Europa wier bis elo ze vill zeréckhalend a senge Reaktiounen op déi russesch Invasioun gewiescht, fënnt d’Tatiana, dat wier e Grond, wisou Russland bis elo ongestrooft dovu komm wier an e Gefill vu Muecht géif empfannen.

Si ass sech sécher: wéinst dem Donald Trump senger provokativer Aart a Weis kéint een an Zukunft net méi op d’USA zielen.

"Je pense que c'est assez prévisible et je pense que ses discours sont très provocateurs."

Um dausendsten Dag vum Krich huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen der Ukrain iwwerdeems weider Ënnerstëtzung vun der EU ugekënnegt.

Nieft de finanziellen a militäresche Contributioune sollen elo nach 65 Milliounen Euro hëllefen ukrainesch Schoulkanner mat Moolzechten ze versuergen. Wat fir eng Roll d’Amerikaner konkret ënner der Trump-Administratioun wäerte spillen, ass bis op Weideres onkloer.

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain viru bal dräi Joer huet d’EU ronn 122 Milliarden an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain investéiert.

Lauschterenplay_arrow