Radioen

On air

Spektrum  |  Liam Benzvi - Other Guys (feat. Blood Orange)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paräis: Konferenz iwwer d'Ënnerstetzung fir d'Ukrain

Op Invitatioun vum Emmanuel Macron

Paräis: Konferenz iwwer d'Ënnerstetzung fir d'Ukrain

Zu Paräis gesi sech haut Vertrieder aus 26 Natiounen, et geet drëms der Ukrain Garantië fir weider Militärhëllefen ze ginn. Lëtzebuerg ass duerch de Premier Luc Frieden vertrueden. Invitéiert huet de franséische President Emmanuel Macron, zu engem Moment wou de Krich an der Ukrain an säin drëtt Joer geet an dem Land d’Munitioun ufänkt auszegoen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / PaulMaguire
Vertrieder aus 26 Länner treffe sech haut am Eylsée zu Paräis (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Frankräich, Däitschland, Dänemark, Kanada an Italien hunn d’lescht Woch scho bilateral Accorde mat der Ukrain ënnerschriwwen. D’Reunioun haut wier extrem wichteg, an an engem héichgradeg instabille Kontext, heescht ët aus dem Elysée. Am Prinzip geet et drëms déi finanziell a militäresch Kapazitéite vun den EU-Staate besser openeen ofzestëmmen.

Wärend sech d’Situatioun an der Ukrain verschlechtert, steet mat de Presidentschaftswalen an den USA an enger Victoire vum Donald Trump e weidere Schreckenszenario virun der Dier: D’USA kéinten als NATO-Partner ewech falen.

Eng Rei Froe stinn op

Gesicht gëtt elo virun allem no Weeër, fir d’Ukrain mat zousätzlecher Munitioun ze versuergen. D’Verspriechen, bis d’Fréijoer eng Millioun Schoss ze liwweren, konnt net gehale ginn. Och iwwer de Finanzement ass ee sech net eens. Et geet dobäi och ëm d’Fro ob mam neien EU-Militärfong fir d’Ukrain Waffen aus Drëttstaate kënne kaf ginn.

Op der Konferenz sollen awer och Theme wéi Cybersécherheet, Loftverdeedegung an Accès zu Dronen ugeschwat ginn. No bausse wëll ee virun allem weisen, datt den Ukrain-Krich mëttlerweil och zu enger Gefor fir Europa ginn ass. Dem russesche President soll kloer gemaach ginn, datt Europa weider hannert der Ukrain steet.  

Aktualitéit
International