arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain wëll Friddensverhandlungen nees ophuelen - Russesch Attacke gi virun

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Ukrain wëll Friddensverhandlungen nees ophuelen - Russesch Attacke gi virun

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet d’US-Emissären dozou invitéiert, d’Verhandlunge mat Russland iwwer en Enn vum Ukrain-Krich ze relancéieren. Zënter dem Ufank vum Krich am Noen a Mëttleren Oste leien déi Verhandlungen op Äis.

reading time

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

Déi amerikanesch Emissäre solle fir d’éischt op Kiew kommen an dono op Moskau reesen.

Iwwerdeems geheit de Wolodymyr Selenskyj Moskau eng Eskalatioun vir, amplaz op d‘Propos vun engem Ouschterfridden anzegoen. 

Russland bombardéiert d'Ukrain op en Neits massiv

Déi ukrainesch Haaptstad Kiew gouf de ganze Moie massiv vu russeschen Dronen a Rakéiten attackéiert. Och déi ostukrainesch Stad Kharkiv gouf zënter gëschter permanent aus der Loft ugegraff. Dobäi goufe 5 Persoune blesséiert.