arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Ausseminister:inne fir Joresdag vun der Befreiung vu Butscha an der Ukrain

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

EU-Ausseminister:inne fir Joresdag vun der Befreiung vu Butscha an der Ukrain

D‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas a ronn eng Dosen europäesch Ausseminister:inne ginn haut fir de véierte Joresdag vun der Befreiung vu Butscha an der Ukrain erwaart.

reading time

1 min

© EPA/ALESSANDRO DI MEO
(Foto: EPA/ALESSANDRO DI MEO)

Russland hat déi kleng Stad Butscha um Ufank vum Aggressiounskrich besat a gouf duerno responsabel gemaach fir de Massaker vu ronn 460 Mënschen, bal all Zivilisten. Analyse vun hire Läichen, déi zu Butscha fonnt goufen, hu gewisen, datt d‘Affer gefoltert, erschloen oder erschoss goufen. 

An déi russesch Dronen-Attacken an der Ukrain gi virun. An der Stad Poltawa, am Zentrum vum Land, ass hënt eng Persoun bei enger russescher Dronen-Attack ëm d‘Liewe komm, esou de Gouverneur vun der Regioun.