D’Ukrainer hu gemellt, datt den Haapt-Kommunikatiouns-Zenter vun der russescher Flott um Schwaarze Mier duerch dräi Rakéite getraff gouf. An de soziale Medie geet Riets vu schroen Explosiounen zu Sewastopol. Ee 65 Joer ale Mann wier duerch Rakéitesplitter ëm d’Liewe komm. Dat huet de Vertrieder vu Moskau iwwer Telegram matgedeelt.
D’Hallefinsel Krim ass fir d’Russe strategesch wichteg. Iwwert d’Bréck gi Waffen a Munitioun geliwwert. Och Zaldote ginn iwwert d’Krim transportéiert.
Op där anerer Säit huet Russland an der Nuecht Groussstied ewéi Kiew a Charkiw viséiert