E puer Dronen hätten hiert Zil net erreecht. An der Regioun Charkiv koum eng Zivilistin ëm d‘Liewen. Och vun ukrainescher Säit gouf et nees Loftattacken op russesch Ziler. En Ugrëff op Moskau hätt kënne verhënnert ginn, huet de Buergermeeschter vun der Haaptstad matgedeelt.
Frankräich huet sech iwwerdeems bereet erkläert, fir der Ukrain 12 nei Caesar-Kanounen ze finanzéieren.