Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain: Siwe Mënsche komme bei russesche Bombardementer ëm d'Liewen

Ukrainkrich

Ukrain: Siwe Mënsche komme bei russesche Bombardementer ëm d'Liewen

An der Nuecht huet Russland op en Neits Ziler an der Ukrain mat Shahed-Drone viséiert. Bei där Attack op déi ostukrainesch Stad Charkiw wieren op d'mannst siwe Mënsche gestuerwen. Och zivil Infrastrukture wiere getraff ginn, esou de lokale Buergermeeschter.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Matthias Rietschel

Eng Tankstell wier a Brand geroden, 14 Haiser goufen d’Affer vun de Flamen. D’Feier hätt eng Fläch vun 3.700 Quadratmeter zerstéiert.

Och Odessa gouf vu Russeschen Drone viséiert. Do wier op d'mannst eng Persoun duerch Splitter blesséiert ginn.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet bei engem Treffe mat Vertrieder aus Washington fir weider finanziell a militäresch Hëllef plädéiert.

An den USA gëtt iwwerdeems weiderhin iwwer eng weider Hëllef a Milliardenhéicht un d’Ukrain am Kongress gestridden. D’Ukrain bräicht weider héichtechnologesch Material, ënnert anerem och Rakéiten, déi 300 Kilometer wäit kënne fléien.