Eng Tankstell wier a Brand geroden, 14 Haiser goufen d’Affer vun de Flamen. D’Feier hätt eng Fläch vun 3.700 Quadratmeter zerstéiert.
Och Odessa gouf vu Russeschen Drone viséiert. Do wier op d'mannst eng Persoun duerch Splitter blesséiert ginn.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet bei engem Treffe mat Vertrieder aus Washington fir weider finanziell a militäresch Hëllef plädéiert.
An den USA gëtt iwwerdeems weiderhin iwwer eng weider Hëllef a Milliardenhéicht un d’Ukrain am Kongress gestridden. D’Ukrain bräicht weider héichtechnologesch Material, ënnert anerem och Rakéiten, déi 300 Kilometer wäit kënne fléien.