Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain: Situatioun ronderëm Donezk "extrem schwiereg"

Krich an der Ukrain

Ukrain: Situatioun ronderëm Donezk "extrem schwiereg"

Hënt gouf d’Ukrain nees vu russeschen Drone viséiert. Vu 45 Kampfdrone konnten der 40 ofgeschoss ginn Déi meescht an de Regiounen Odessa, Cherson, Mykolaif a Kiew. Eng Persoun, eng 56 Joer al Fra, koum ëm d'Liewen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-PresidentialOfficeUkra | Presidential Office of Ukraine
Donezk am Dezember. (Foto: picture alliance / SvenSimon-PresidentialOfficeUkra | Presidential Office of Ukraine)

Déi Ukrainesch Arméi-Féierung seet, datt d’Situatioun op der Front am Süden an am Osten extrem schwiereg wier. Bannent engem Dag hätten déi Russesch Truppe 87 Attacke probéiert.

Besonnesch hefteg wier et an der Regioun vun Donezk gewiescht. Zwee Drëttel vun den Attacken hätte sech op déi Regioun konzentréiert.

Däitschland, Frankräich a Polen hunn dann elo och eng Offensiv géint déi Russesch Desinformatioun lancéiert. Dat huet de franséischen Ausseminister Stéphane Séjourné an engem Interview un Zeitungen annoncéiert.