Déi Ukrainesch Arméi-Féierung seet, datt d’Situatioun op der Front am Süden an am Osten extrem schwiereg wier. Bannent engem Dag hätten déi Russesch Truppe 87 Attacke probéiert.
Besonnesch hefteg wier et an der Regioun vun Donezk gewiescht. Zwee Drëttel vun den Attacken hätte sech op déi Regioun konzentréiert.
Däitschland, Frankräich a Polen hunn dann elo och eng Offensiv géint déi Russesch Desinformatioun lancéiert. Dat huet de franséischen Ausseminister Stéphane Séjourné an engem Interview un Zeitungen annoncéiert.