Radioen

On air

9 bis 1  |  Men I Trust - Billie Toppy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain-Krich: Schnéistuerm erschwéiert d'Kämpf

Wanterlech Konditiounen

Ukrain-Krich: Schnéistuerm erschwéiert d'Kämpf

An der Ukrain kämpfen d‘Zaldoten elo och nees géint wanterlech Konditiounen. Nom staarke Schnéistuerm gëschter am Süden an Oste vum Land sot de President Wolodymyr Selenskyj a sengem Video-Message, d‘Konditioune fir vill ukrainesch Zaldoten un der Front wieren nees vill méi schwiereg ginn.

auto_stories

1 min

De Schnéistuerm hat gëschter un der Schwaarzmier-Küst ënner anerem gréisser Stroumpanne verursaacht. Am Wanter zejoert hat Russland systematesch ukrainesch Stroum- an Energie-Zentrale bombardéiert fir d‘Populatioun ënner Drock ze setzen. Kiew rechent fir dëse Wanter nees mat esou Attacke vu Russland.