Radioen

On air

Notturno  |  Yalla Miku - Tapis Volant

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain-Konferenz wäert mat ronn 40 Staats- a Regierungscheffe stattfannen

Nächste Weekend an der Schwäiz

Ukrain-Konferenz wäert mat ronn 40 Staats- a Regierungscheffe stattfannen

Eng 40 Staats- a Regierungscheffe si bis elo fir d‘Ukrain-Konferenz nächste Weekend an der Schwäiz ugemellt. Dat huet d‘Regierung zu Bern matgedeelt. Dat wieren der net vill, well ronn 160 waren der invitéiert ginn.

auto_stories

1 min

Et wieren awer ronn 40 weider Länner duerch aner Regierungsmembere vertrueden. De Grond, firwat net méi Länner sech ugemellt hunn, wier, well Russland net bei der Konferenz dobäi ass. Länner wéi China hätten dofir d‘Invitatioun net ugeholl.

Et ass zwar dat éischt grousst internationaalt Treffen zum Theema Fridden an der Ukrain, awer et geet net ëm Friddensverhandlungen. D'Zil wier et, d‘Viraussetzunge fir e spéidere Friddenssommet, wou och Russland dobäi wier, ze schafen. Et soll ënner anerem iwwer humanitär Hëllef an nuklear Sécherheet goen.

Fir Moskau wier d‘Ukrain-Konferenz eng westlech Propaganda-Manifestatioun fir d‘Ënnerstëtzung vun der Ukrain.