Radioen

On air

Notturno  |  Alex Hitchcock - Cakeism

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrainesch Arméi: Kontrolléieren 1.000 Quadratkilometer russeschen Territoire

Nom Virstouss an d'Regioun Kursk

Ukrainesch Arméi: Kontrolléieren 1.000 Quadratkilometer russeschen Territoire

D‘ukrainesch Offensiv an der russescher Grenzregioun wier legitim a géif ophale wa Moskau een „gerechte Fridden“ géif akzeptéieren. Dat sot de Spriecher vum ukraineschen Ausseministère.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Kiew wéilt keng russesch Territoiren annexéieren. Hannergrond ass de Virstouss vun der ukrainescher Arméi an der russescher Grenzregioun Kursk.

Dem ukrainesche Chef-Kommandant no, géif déi ukrainesch Arméi elo 1.000 Quadratkilometer russeschen Territoire kontrolléieren. D‘russesch Arméi hätt eegene Aussoen no iwwerdeems neien ukraineschen Attacken an der Regioun Kursk ee Stréch duerch d‘Rechnung gemaach.

Russland huet vu Kursk schonn iwwer 120.000 Mënschen evakuéiert – weider Evakuatioune wieren amgaangen, heescht et.