Philipp Crowther (Washington D.C.)
Eng Urgence gouf vum neien US-President Donald Trump op der Grenz mat Mexiko deklaréiert. Amerikanesch Zaldote ginn hi geschéckt fir déi illegal Immigratioun ze stoppen. Eng vun Honnerten Dekreeter a Mesuren déi an den éischte puer Stonne vum Trump senger zweeter Amtszäit ënnerschriwwe goufen.
Dorënner den Depart vun den USA aus der Weltgesondheetsorganisatioun an aus dem Paräisser Klimaofkommes. Scho wärend senger éischter Amtszäit als President hat den Trump d‘USA aus dem Paräisser Klimaaccord erausgeholl. Den Joe Biden hat d‘Land nees zeréck an den Accord bruecht.
"Gott huet mech gerett fir Amerika nees staark ze maachen"
Dëst no engem Discours am amerikanesche Kapitol, deen en Enn vum amerikaneschen Déclin annoncéiert huet. D’Zeremonie war bannen an der Rotonde, viru just e puer Honnert Parlamentarier, Membere vun der Trump-Famill, a Milliardären.
Fir vill méi war keng Plaz nodeems all Festlechkeeten dobausse wéinst der Keelt ofgesot goufen. Bannen, do souzen och den Joe Biden an d’Kamala Harris, déi wärend dem Discours just nach Ex-President an Ex-Vize-Presidentin waren. Si hu missen nolauschteren, wéi den Donald Trump déi lescht véier Joer als donkel Zäit fir Amerika beschriwwen huet.
“An deene leschten 8 Jore sinn ech méi getest a gefuerdert gi wéi all aner Presidenten an 250 Joer vun eiser Geschicht, an ech hu vill geleiert. De Wee, fir eis Republik zeréck ze kréien, war keen einfachen. D’Leit, déi eise Projet stoppe wollten, hu probéiert, mir meng Fräiheet ewech ze huelen, a mech souguer ëmzebréngen. Et war virun e puer Méint, wou d’Kugel vun engem Mäerder mäin Ouer getraff huet. Mee ech hunn et dee Moment, an nach méi elo, gespuert datt Gott mech gerett huet fir Amerika nees méi staark ze maachen.”
Et war en triumphale Retour op Washington an an de Kapitol dee seng Supporter de 6. Januar 2021 gestiermt haten. E puer vun hinne sinn elo nees op fräiem Fouss. Déi meescht vun hire Prisongsstrofe goufe vum Trump gestoppt. Nach ee vum Trump sengen Dekreeter vum éischten Dag.
Marco Rubio gëtt neien Ausseminister
An déi éischt Besetzung an der neier Regierung vum Donald Trump ass confirméiert: De Marco Rubio ass neien Ausseminister. De Senat huet hien eestëmmeg fir de Poste confirméiert. De republikanesche Senateur aus Florida gehéiert zu de Membere vum Trump senger Regierung, déi am mannsten ëmstridde sinn.
Liewensgeféierlech Minustemperaturen an Deeler vun den USA
Wéinst der Keelt war d‘Vereedegung vum Donald Trump an de Kapitol verluecht ginn. Den nationale Wiederdéngscht huet elo viru liewensgeféierleche Minustemperaturen an Deeler vun den USA gewarnt. Plazeweis kéint den Thermometer bis op minus 40 Grad Celsius falen, esou de Wiederdéngscht. Besonnesch betraff sinn d‘Staten New York, New Jersey a Pennsylvania. An Deeler vum Staat New York kéinte bis zu 90 Zentimeter Schnéi falen.
Wat soen eigentlech déi Jonk hei am Land dozou, datt den Donald Trump erëm US-President ass? Wat sinn hir Erwaardungen?