Radioen

On air

Moiesstudio  |  Leon Bridges - Panther City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA werfe China Cyberugrëff op hire Finanzministère vir

Hackerattack

USA werfe China Cyberugrëff op hire Finanzministère vir

Den US-Finanzministère seet, e wier vu China gehackt ginn. De Ministère wier vun enger Software-Firma informéiert ginn, datt en Hacker aus China e Sécherheetsschlëssel hat. Domat hätt hien oder si aus der Distanz Accès kritt zu Computere vun Employéen am Finanzministère zu Washington.

auto_stories

1 min

© MohitSingh/Wikimedia Commons
Foto: MohitSingh/Wikimedia Commons

Et wiere keng geheim Dokumenter op deene Computere gewiescht. Den US-Finanzministère schwätzt vun enger gréisserer Sécherheetspann a seet, de chineesesche Staat hätt déi Cyberattack an Optrag ginn a finanzéiert.

E Spriecher vun der chineesescher Ambassade zu Washington huet de Virworf dementéiert.

D'USA geheie China zanter Jore staatlech gesponsert Hackerattacke vir. Virun der US-Presidentewal am Oktober haten d'USA China responsabel gemaach fir eng Hackerattack op Telefonsdonnéeë vum Donald Trump, sengem Vizepresidentschaftskandidat JD Vance, an dem Walkampfteam vun der Kamala Harris.