Den amerikaneschen Ausseminister Lloyd Austin sot, et wier e geféierleche Moment. De President Joe Biden hat virgëschter betount, d‘USA wéilte keen neie Krich am Mëttleren Osten.
Déi pro-iranesch irakesch Miliz Al-Noujaba sot, si géife weider Attacke géint d‘USA plangen.
Israel wëll Rafah attackéieren
An der Gazasträif wëll déi israeelesch Arméi hir Militäroffensiv op déi südlech Stad Rafah ausbreeden. Honnertdausende palestinensesch Flüchtlinge sinn an dës Grenzstad mat Ägypte geflücht. Zu Rafah ass och e wichtege Grenziwwergang fir humanitär Hëllef an d‘Gazasträif ze bréngen.
Den israeelesche Verdeedegungsminister sot, d‘Kämpf géint d‘Hamas an der Stad Chan Younis wier praktesch eriwwer. Déi israeelesch Zaldote wieren elo prett fir weider op Rafah ze zéien.