Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA wëll kee Krich mam Iran - Ausmooss vum Skandal ëm d'UNO-Hëllefswierk nach ongewëss

Aktuelles aus dem Noen Osten

USA wëll kee Krich mam Iran - Ausmooss vum Skandal ëm d'UNO-Hëllefswierk nach ongewëss

D‘USA wéilte kee Krich mam Iran, mee si géifen op d‘Dronenattack vu pro-iranesche Milizen op eng US-Militärbase a Jordanien reagéieren. Dat sot den John Kirby, Kommunikatiounsdirekter vum nationale Sécherheetsrot zu Washington. Iwwerdeems soll de Skandal ëm der UNO hir Hëllefsorganisatioun fir palestinensesch Flüchtlingen an der Gazasträif méi grouss si wéi geduecht.

auto_stories

1 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Palestinenser (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Dräi US Zaldote ware bei der Attack virgëschter op eng Militärbase am Jordanien ëm d‘Liewe komm. De President Joe Biden huet pro-iranesch Milize responsabel gemaach. Den Iran huet all Responsabilitéit zeréckgewisen. D‘Attack an déi annoncéiert Reaktioun vun den USA, ginn als Risiko ugesinn, datt de Krich am Noen Oste weider kéint eskaléieren.

UNO-Hëllefswierk fir Palestinenser: 10 Prozent mat Lienen zur Hamas

De Skandal ëm der UNO hir Hëllefsorganisatioun fir palestinensesch Flüchtlingen an der Gazasträif wier méi grouss wéi geduecht, esou de Wall Street Journal. Der Zeitung no géif net nëmmen de Verdacht bestoen, datt 12 Mataarbechter vun der Organisatioun bei där terroristescher Attack vun der Hamas de 7. Oktober op Israel solle mat gemaach hunn. Et géing och ugeholl ginn, datt 10 Prozent vun allen 12.000 Mataarbechter vun der Organisatioun Lienen zu der Hamas oder dem islameschen Dschihad hätten, esou de Wall Street Journal.

D‘Zeitung berifft sech dobäi op Berichter vun de Geheimdéngschter.