Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - The Walls Have Ears

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA warnt Nordkorea virum Asaz vun Zaldoten am Krich an der Ukrain

International

USA warnt Nordkorea virum Asaz vun Zaldoten am Krich an der Ukrain

Den Asaz vun nordkoreaneschen Zaldoten an der Ukrain wier eng geféierlech Entwécklung, déi engem vill Suerge misst maachen. Dat sot den amerikaneschen UNO-Ambassadeur bei enger Sëtzung vum UNO-Sécherheetsrot zu New York.

auto_stories

1 min

USA UNO | © picture alliance / NurPhoto | John Lamparski

D‘USA géife mat hiren Alliéierten iwwert déi méiglech Suitte beroden. 

Do virdrun hat och de NATO-Genrealsekretär Mark Rutte gewarnt, wann d‘Berichter iwwert nordkoreanesch Truppen un der Säit vu Russland sech confirméieren, wier dat eng geféierlech Eskalatioun vum Krich an der Ukrain.

Dem südkoreanesche Geheimdéngscht no goufe bis elo scho 1.500 nordkoreanesch Zaldoten an déi ukrainesch Gebidder geschéckt, déi vu Russland besat sinn. Riets ass vun am ganzen 10.000 nordkoreaneschen Zaldoten, déi an der Ukrain un der Säit vu Russland sollen agesat ginn.