Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA hu weider Positioune vun Huthi Rebelle bombardéiert

Rout Mier

USA hu weider Positioune vun Huthi Rebelle bombardéiert

D‘USA hunn nees Positioune vun den Huthi Rebellen am Jemen aus der Loft bombardéiert. Si hätte véier ballistesch Rakéiten zerstéiert, déi d‘Huthi op Schëffer am Roude Mier hätte wëlle schéissen, esou den amerikanesche Militärkommando an der Regioun.

auto_stories

1 min

Weider wier och eng Laangstrecke-Rakéit zerstéiert ginn. D‘Huthi Rebelle gi vum Iran ënnerstëtzt. Si hu rezent e puer mol Transport-Schëffer am Roude Mier ugegraff, dat huet en negativen Impakt op den internationale Commerce wëll vill Schëffsgesellschaften elo grouss Ëmweeër maachen a net duerch d‘Rout Mier an de Suez Kanal fueren.

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken gëtt haut och fir eng weider Visitt am Mëttleren Osten erwaart. Am Mëttelpunkt sti weider Verhandlunge fir eng nei Waffepaus an der Gazasträif  an déi rezent Attack vun den USA géint pro-iranesch Milizen am Irak an d‘Huthi Rebellen am Jemen.