Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA garantéiere weider militäresch Hëllef am Kampf géingt d'Hamas

Visitt vum US-Ausseminister an Israel

USA garantéiere weider militäresch Hëllef am Kampf géingt d'Hamas

Den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin huet Israel am Kampf géint d‘Hamas weider militäresch Ënnerstëtzung vun den USA garantéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Washington wier de beschte Frënd vun Israel a géif weider Munitioun, Gefierer a Loft-Ofwier-Systemer liwweren, sou den US-Verdeedegungsminister op Visitt an Israel. Hien huet do och Israel opgeruff, de Krich manner intensiv ze féiere fir Zivilisten ze schützen a méi humanitär Hëllef an d‘Gazasträif kënnen ze bréngen.

Israel huet sengersäits annoncéiert, dass d‘Gazasträif geschwënn a verschidde méi sécher Sektioune kéint agedeelt ginn. Doduerch kéinte palestinensesch Awunner eventuell éischter wéi geplangt zeréck an de Norde vun dem palestinensesche Gebitt kommen.