Am Ganzen hunn sech d’G7 Länner op néng gemeinsam Deklaratioune verstännegt an dës ënnerschriwwen.
Fir den Emmanuel Macron war dat ee ganz wichtegt Zeechen, datt een op enger selwechter Linn ass. Am Fokus stoungen dobäi natierlech d’Kricher am Noen Osten an an der Ukrain.
Zesumme méi Drock op Russland maachen
D’G7 hu sech dorop verstännegt der Ukrain méi militäresch Hëllef ze liwweren. Och soll d’Ukrain d’Licencë kréien, fir US-amerikanesch Waffen an der Ukrain ze produzéieren. Datt d’US-Amerikaner mat den Europäer zesummeschaffen, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen, wier net selbstverständlech, wann een déi lescht Méint a Jore géing kucken.
Zesumme wéilt een och den Drock op Russland verstäerke mat Sanktiounen op russesche Gas a Pëtrol. Russland wier nach net gespréichsbereet a misst akzeptéieren, datt d’Ukrain seng territorial Souveränitéit wäert verdeedegen, och hei géing et am G7 keng zwou Meenunge ginn.
Mat Bléck op d’Situatioun am Iran an am Libanon sot de franséische President, et géing een den Accord tëschent Washington an Teheran begréissen an et wier ee sech - mat den USA - och eens, datt d’Souveränitéit vum Libanon muss garantéiert ginn.
Macron vertraut dem Trump "komplett"
Iwwerdeems huet de Macron nach d’Fortschrëtter bei Sujeten ewéi KI, Entwécklungshëllef oder der Ebolaepidemie beim Sommet ervirgehuewen.
Um Enn gouf de President nach gefrot, firwat hien den Owend dem Donald Trump zu Versailles de Rouden Teppech ausrullt, wann dësen nees mat Stroftaxen dreet. Hien wier net ëmmer enger Meenung mam Trump, vertraue géing hien him awer komplett, esou de Macron.