Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA an EU plangen nei Sanktioune géint den Iran

No Attack op Israel

USA an EU plangen nei Sanktioune géint den Iran

Den Iran muss no senger Attack op Israel mat neie Sanktioune vun den USA a vun der EU rechnen. D‘USA géifen an den nächsten Deeg nei Sanktiounen decidéieren, viséiert wier ënner anerem den iranesche Rakéiten- an Droneprogramm, sot den US-Sécherheetsberoder Jake Sullivan zu Washington.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Morteza Nikoubazl

Bei der EU sot den EU-Chefdiplomat Josep Borrell no enger Videokonferenz vun den EU-Ausseministeren, seng Ekipp wier amgaang weider Mesuren ze preparéieren. De Sanktiounsregimm géif méi breet gemaach a verschäerft ginn. Bis wéini nei Sanktiounen a Kraaft triede kéinten, sot de Josep Borrell net. Hien huet op d'Reunioun vun den EU-Ausseministeren den nächste Méindeg zu Lëtzebuerg verwisen.

Zur Diskussioun steet och, d'Iranesch Revolutiounsgarden als terroristesch Organisatioun anzestufen. Dat ass legal den Ament net méiglech, dorop huet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel gëschter op eis Nofro um Bord vun der Staatsvisitt vum Grand Duc higewisen. Et misst een och drun denken, datt esou ee Schrëtt zukünfteg Verhandlunge mam iranesche Regimm kéint onméiglech maachen.