Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA a Russland: Zesummenaarbecht am Weltraum gëtt verlängert

International Raumstatioun

USA a Russland: Zesummenaarbecht am Weltraum gëtt verlängert

D‘USA a Russland verlängeren hir Zesummenaarbecht am Weltraum. Moskau hätt hiren Accord mat der NASA fir d‘Flich bei déi international Raumstatioun ISS verlängert. Dat mellt Moskau. Deen Accord géif bis Enn 2025 goen.

auto_stories

1 min

D‘ISS ass eng vun de wéinege Saachen, bei deenen Amerikaner a Russen nach zesummeschaffen, zanter dem Ukrainkrich. Amerikanesch a russesch Kosmonauten an Astronaute fléien nach ëmmer zesummen zu der Raumstatioun.

Russland hat e Moment ugekënnegt, wéinst de Spannungen déi Kooperatioun no 2024 ze stoppen an eng eege Raumstatioun opzebauen. Dee Projet ass awer rëm falegelooss ginn.