Radioen

On air

Thé Dansant  |  Jamiroquai - Cosmic Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA a Groussbritannie gräifen Huthi-Rebelle weider un

Noen Osten

USA a Groussbritannie gräifen Huthi-Rebelle weider un

D‘USA a Groussbritannien hunn nees Positioune vun den Huthi-Rebellen am Jemen ugegraff. Aacht Zieler wiere viséiert gewiescht, dorënner en ënnerierdescht Waffe-Lager a Rakéite-Systemer, esou de Pentagon.

auto_stories

1 min

D‘Huthi Rebellen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, gräifen zanter dem Ufank vum Gaza-Krich ëmmer nees Schëffer un, déi hiren Aussoen no, e Lien mat Israel hunn. Vill Schëffer evitéieren dowéinst de Wee duerch d‘Roud Mier an de Suez-Kanal – eng vun de wichtegsten Handelsrouten. Dat huet gréisser Konsequenze fir d‘Weltwirtschaft.

Och d‘EU-Staaten hu sech elo prinzipiell bereet erkläert, um Militärasaz fir d‘Iwwerwaachung vum Schëffstransport am Roude Mier deel ze huelen, dat huet den EU-Aussebeoptragte Josep Borrell zu Bréissel mat gedeelt. Wéini esou en Asaz ufänke soll a wéi eng EU Länner sech dru bedeelege sollen ass nach onkloer.