Radioen

On air

Tockcity  |  The Black Keys - Sin City

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA: Spuere vum Vullegrippvirus goufen a pasteuriséierter Mëllech fonnt 

Kee Gesondheetsrisiko fir de Mënsch

USA: Spuere vum Vullegrippvirus goufen a pasteuriséierter Mëllech fonnt 

An den USA goufe Spuere vum Vullegrippvirus H5N1 a pasteuriséierter Koumëllech detektéiert. Dat huet déi amerikanesch Agence fir Medikamenter FDA matgedeelt. D‘Trace vum Virus wieren esouwuel a Produktiounsanlage wéi och am fäerdege Produit an de Supermarchéen detektéiert ginn.

auto_stories

1 min

Mëllech | © Bigstock / Nikodim
Foto: Bigstock / Nikodim

Fir Mënsche géif dat awer warscheinlech kee Gesondheetsrisiko bedeiten, esou d’FDA. Trotzdeem misst ee kucken, wéi et méiglech ass, datt Spuere vum Virus no der Pasteuriséierung ëmmer nach an der Mëllech present kënne sinn. Et ginn elo weider Analyse gemaach.

An den USA gëtt et den Ament eng Vullegrippepidemie. Nieft Millioune Gefligel sinn och vill Mëllechkéi mam Virus infizéiert ginn. D‘Kéi goufen awer net schwéier krank. Ugangs Abrëll war och eng Persoun mam Vullegrippvirus infizéiert ginn. Si hat nëmme liicht Symptomer.