Si gëtt vu Januar un deemno Chef de cabinet vum neie President. Et ass eng Schlësselpositioun, bei där d‘Susan Wiles den Exekutivbüro vum President mat engen 2.000 Mataarbechter:inne leed, d‘Aarbecht vun de Ministèrë koordinéiert, an och decidéiert, ween Zougang zum President kritt.
Am Trump senger éischter Amtszäit war dëse Posten e Schleidersëtz. An de 4 Joer hat hie 4 verschidde Leit op deem Posten, notamment de Generol John Kelly, mat deem den Trump herno net méi geschwat huet.