Wéi d‘Rettungsequipë mellen, wieren an Tëschent zwee Mënschen aus dem Waasser gerett ginn. Si koumen allebéid an d‘Klinik. Eng Persoun wier an engem kriteschen Zoustand. D‘Rettungsaktioun ass nach am gaangen, et wieren och Taucher dru bedeelegt.
Op der 2,5 km laanger Bréck, déi iwwert den Hafe vu Baltimore gaangen ass, war eng véierspuereg Autobunn.
Op de Videoen, déi an Tëschenzäit zirkuléieren, gesäit een, wéi d‘Schëff an e Pilier vun der Bréck rennt a wéi d‘Bréck wéi Fixspéin no an no an e Koup fält.
De Proprietär vum Schëff huet iwwerdeems confirméiert, datt bei der Besatzung um Schëff kengem eppes passéiert ass. D‘Ursaach vun der Kollisioun ass nach net gewosst.
Wéi US-Medie mellen, wier d‘Containerschëff ënnert dem Fändel vu Singapur gefuer a sollt a Sri Lanka fueren. Et hätt kuerz no 01:00 Auer an der Nuecht lokal Zäit den Hafe verlooss.