De Pentagon huet dat net ausgeschloss, mee et géife reegelméisseg Evaluatioune gemaach ginn iwwert déi reell Besoinen.
Polen, Rumänien an déi baltesch Länner hoffen, datt se déi Contingente kënne behalen. Ee Réckzuch wier en Zeechen, datt d’USA drop aus si fir mat Moskau een Accord ze ënnerschreiwen. Dat soe Militär-Spezialiste vun engem Expertegrupp. Den US-amerikanesche Verdeedegungsministère wellt seng Depensen ëm 5,1 Milliarden Dollar reduzéieren, déi als onnéideg bezeechent ginn.
De Pentagon sträicht ënner anerem Subventiounen un zwou groussen Universitéiten, d’North-Western an d’Cornell Unien, déi an engem Communiqué deklaréiert huet, datt 75 Fuerschungsprojete gestoppt gi wieren. Déi Programmer wiere wichteg fir d’US-amerikanesch Defense, grad ewéi fir d’Gesondheet a fir d’Cybersécherheet. Ënner anerem wieren déi Universitéite finanziell bestrooft ginn, mam Argument, datt se Programmer iwwert Diversitéit, Inclusioun an Equitéit hätten.