Den Donald Trump hat am Virfeld ugekënnegt, an den nächste Woche mat engem Accord a Saachen Handelskonflikt mat China ze rechnen.
D’Welthandelsorganisatioun wëll d’Douanestaxe géint China reevaluéieren
D’Welthandelsorganisatioun huet iwwerdeems gréng Luucht gi fir een Expertegrupp op d’Been ze stellen, deen d’Plainte vu Peking géint déi europäesch Douanestaxen op Elektroautoen, soll analyséieren. Et geet ëm Douanestaxen an der Héicht vu bis zu 35 Prozent, déi Bréissel op elektresch Autoen, déi a China produzéiert ginn, imposéiert huet.
D’Welthandelsorganisatioun huet elo no enger zweeter Demande vu China decidéiert, d’Situatioun offiziell ze iwwerpréiwen.