A sengem Message widderhëlt hien allerdéngs och seng Ausso, datt et am Iran schonn zu engem Regime-Wiessel koum.
Trump stellt ald nees en Ultimatum
Den Ultimatum gëllt bis 2 Auer an der Nuecht eiser Zäit. Dono géifen d’USA bannent e puer Stonnen all d’Brécken a Kraaftwierker am Iran bombardéieren. D’Warnung ass kloer, d’Zivilisatioun kéint ënnergoen a souguer ni méi kënnen zréckkommen.
Anerersäits schreift den Donald Trump op Truth Social datt et ee Regime-Wiessel am Iran gëtt an, datt een elo mat anere méi cleveren a manner radikaliséierte Persounen ze dinn hätt. Wie weess dat schonn, et géif een dat an der Nuecht elo gesinn, esou den US-President.
Den Donald Trump deen dofir bekannt ass, net mat Superlativen ze spueren, huet vun engem vun de wichtegste Momenter an der laanger a komplexer Geschicht vun der Welt geschriwwen.
J.D. Vance géisst Ueleg an d'Feier
Den US-Vizepresident J.D. Vance huet betount datt d’USA quasi all hir Ziler am Iran erreecht hätten, mee wann de Krich géif weidergoen, dann hätten d’USA Mëttel, déi bis elo net agesat goufen. Den Donald Trump kéint zu all Ament decidéieren déi ze notze wann d’Iraner hir Haltung net géifen änneren.
D’Wäisst Haus huet präziséiert datt keng Atombomme géifen agesat ginn.
Reaktioune falen däitlech aus
Déi Deklaratiounen vum Donald Trump hunn an den USA fir hefteg Reaktioune gesuergt.
De Chef vun den Demokraten am Senat, den Chuck Schumer, huet gemengt datt den Donald Trump eng extrem krank Persoun wier.
Déi fréier ultrakonservativ Deputéiert an Ex-Trumpistin Marjorie Taylor Greene huet deklaréiert, datt keng eenzeg Bomm op amerikanesche Buedem gefall wier. Et kéint een net eng ganz Zivilisatioun dout maachen - Dat wier diabolesch a wansinneg.
Wärend gepost gëtt, gëtt och weider bombardéiert
D’Bombardementer vun iraneschen Infrastrukture ginn iwwerdeems virun. Viséiert gouf virun allem d’Insel Kharg, op där den Iran industriell Pëtrolsinfrastrukturen huet.
Teheran an d’Revolutiounsgarden hunn domat gedreet Aktioune géint Infrastrukturen ze lancéieren, déi den Amerikaner an hiren Alliéierten den Zougang zu Pëtrol wärend laange Joer wäert erschwéieren.
Den Iran wier domat averstane fir Blockage vun der Mieresstrooss vun Hormus opzehiewen, wann ee Peage géif agesat ginn, mat engem Tarif vun 2 Milliounen Dollar pro Schëff, eng Zomm déi ee mam Oman géing deelen. Den Iran géif domadder déi Infrastrukturen nees opbauen déi am Konflikt zerstéiert goufen.