D'Zäregas-Emissioune gëllen als Haaptacteur am mënschegemaachte Klimawandel.
Manner sécher, manner gesond
Den US-President Donald Trump huet um Donneschdeg déi gréissten De-Regulatiounsmesuren an der Geschicht vun den USA versprach. Hien ass dowéinst schaarf kritiséiert gi vu fréieren demokratesche President Barack Obama.
Op de soziale Medie schreift den Obama, datt d'USA duerch déi Mesure vum Trump manner sécher géif ginn, manner gesond a manner an der Lag wier, de Klimawandel ze bekämpfen.
Andeems déi Klimaregelunge géifen ofgeschaft ginn, géif déi fossil Brennstoff-Industrie nach méi Sue verdéngen, esou de Barack Obama.