Beim Militärasaz an der Nuecht koumen op d’mannst 40 Mënschen ëm d’Liewen, dorënner Leit vum Militär awer och Zivilisten. Trotzdeem hätt den US-Militär keng Kontroll iwwer dat südamerikanescht Land.
D’Vizepresidentin Delcy Rodríguez, déi elo d’Regierung iwwerholl huet, huet schonn ugekënnegt kämpferesch Widderstand géint d’USA ze leeschten. “Mir wäerten ni méi Sklave sinn”, sot si.
Virdrun hat den Trump gesot, hien hätt e Gespräich mat hier gehat a si wéilt “alles maache wat mir (USA) fir néideg empfannen, fir Venezuela erëm grouss ze maachen”. D’Delcy Rodríguez zielt zu de loyaalste Persounen am Maduro sengem Muechtzentrum. Déi 56 Joer al Juristin hat als Ausseministesch de konfrontative Kurs géint d’USA gepräägt an huet dësen als Vizepresidentin weidergefouert.
Buedemschätz an Ueleg
Si hat nom US-Militärasaz d’Fräiloossung vum Maduro a senger Fra gefuerdert an huet den USA eng Verletzung vun der UN-Charta virgehäit. D’USA hätten d’Zil d’Buedemschätz (wéi zum Beispill Ueleg) ze kréien an de Regierungswiessel ze erzwéngen. “Dat wäerte si net packen”, sot d’Vizepresidentin.
Dem Trump no solle grouss US- Äerduelegindustrie elo Milliarden Dollar investéiere fir “déi schwéier beschiedegt Ueleg-Infrastruktur a Venezuela ze moderniséieren”. Venezuela huet déi gréissten Uelegreserve weltwäit.
Iwwergangsregierung mat Oppositiounspolitiker?
Déi venezuelanesch Friedensnobelpräisgewënnerin María Corina Machado fuerdert, datt den Oppositiounspolitiker Edmundo González Urrutia als dem Maduro säin Nofollger agesat gëtt. Hien hätt d’Presidentewale virun engem Joer gewonnen a sollt säin Amt elo untrieden.
Eng Fuerderung, déi och de franséische President Emmanuel Macron ënnerstëtzt.