arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump empfänkt Selenskyj an Netanjahu de selwechten Dag

Nächsten Dënschdeg

|
reading time

1 min

Trump empfänkt Selenskyj an Netanjahu de selwechten Dag

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj trëfft en Dënschdeg den US-President Donald Trump am Wäissen Haus. De selwechten Dag kënnt och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu op Washington.

reading time

1 min

© EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE
(Foto: EPA/PRESIDENTIAL PRESS SERVICE)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj trëfft en Dënschdeg den US-President Donald Trump am Wäissen Haus zu Washington. Dat huet e Vertrieder vum Wäissen Haus confirméiert. Weider Detailer zu deem Gespréich goufen nach net matgedeelt.

Netanjahu och zu Washington

D'Treffen ass fir dee selwechten Dag ugekënnegt, un deem och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu mam Donald Trump zesummekënnt. Bei hirem Gespréich soll et ënner anerem ëm de Konflikt mam Iran an d'Situatioun am Libanon goen. D'Visitt kënnt kuerz no der Reunioun tëschent dem Donald Trump an dem libanesesche President Joseph Aoun.

Trauerfeier fir de Lindsey Graha

De Benjamin Netanjahu wäert och un der Trauerfeier fir de republikanesche Senator Lindsey Graham deelhuelen. Hie gouf als en enke Frënd vun Israel ugesinn.